Uebst a Geméis aus eiser Gemeng – greift gär zou!

Léif Biergerinnen a Bierger,

am Accueil vun der Gemengeverwaltung, esouwéi am Iechternacher Tourist Info, steet ab elo eng Këscht mat frëschem Uebst aus eiser Gemeng. All Biergerinnen a Bierger, déi bei eis laanschtkommen, si häerzlech invitéiert, sech gären ze bedéngen.

D’Uebst kënnt aus den Uebstbongerte vun der Gemeng, ënner anerem aus dem grousse Sortebongert beim Iechternacher Séi. Jee no Saison wäert d’Offer och duerch frëscht Geméis aus dem Schoulgaart ergänzt ginn.

Mat dëser flotter Initiativ wëlle mir regional Produkter aus eiser Gemeng fërderen an dozou bäidroen, datt dat hei ugebauten Uebst a Geméis méiglechst ville Leit zeguttkënnt.

Kommt laanscht, gräift zou a genéisst!

Mir wënschen Iech e gudden Appetit a vill Freed mat den Naturprodukter aus eiser Gemeng!

Chères citoyennes, chers citoyens,

À l’Accueil de l’administration communale ainsi qu’à l’Office de Tourisme d’Echternach, une caisse de fruits frais issus de notre commune est désormais mise à votre disposition. Toutes les citoyennes et tous les citoyens qui passent chez nous sont cordialement invités à se servir gratuitement.

Les fruits proviennent des vergers de la commune, notamment du grand verger situé près du lac d’Echternach. Selon la saison, l’offre sera également complétée par des légumes frais provenant du jardin scolaire.

Avec cette belle initiative, nous souhaitons promouvoir les produits locaux de notre commune et faire en sorte que les fruits et légumes cultivés ici puissent profiter au plus grand nombre.

Passez nous voir, servez-vous et régalez-vous !

Nous vous souhaitons une bonne dégustation et beaucoup de plaisir avec les produits de notre commune !

Dernière modification le 24.09.2026

Des articles de la même catégorie

Verkéiersinformatioun vum Ponts & Chaussées

Verkéiersinformatioun vum Ponts & Chaussées

Am Kader vu Stroossenaarbechte kënnt et den 13. November 2026 zu Verkéiersbehënnerungen op der N11B an dem CR368. N11B – Vollspärung vun 13:00 bis 17:00 Auer D'N11B gëtt wärend dëser Zäit fir de gesamte Verkéier gespaart. Eng offiziell Ëmleedung gëtt vun der...

lire plus
Gitt Wonschengel!

Gitt Wonschengel!

« Wonschengel » : Loosst eis zesummen all Kand e magesche Chrëschtdag schenken! A wa mir dëst Joer zesumme dofir suergen datt Chrëschtdag fir all Kand zu engem onvergiessleche Moment gëtt?D'Chrëschtzäit steet fir Magie, Zesummenhalt a Freed. Fir verschidde Familljen a...

lire plus
Baustelleninformatioun – N11, Route de Luxembourg

Baustelleninformatioun – N11, Route de Luxembourg

Am Kader vun den aktuelle Bauaarbechten op der N11, Route de Luxembourg, gëtt d’Bushaltestell "Nonnemillen-Lac" ab Donneschdeg, den 29. Oktober 2026, provisoresch ëm e puer Meter no ënne verluecht. Déi provisoresch Haltestell bleift bis zum Ofschloss vun den...

lire plus
Aller au contenu principal