Mayors for Peace ass eng international Organisatioun vu Gemengen a Stied, déi sech der Friddensaarbecht, virun allem der atomaren Ofrëschtung, ugeschloss hunn. D’Organisatioun ass 1992 op Initiative vum deemolege Buergermeeschter vun Hiroshima, Takeshi Araki, gegrënnt ginn. 

Aus der Iwwerleeung, dat d’Buergermeeschtere fir d’Sécherheet an d’Liewe vun hiren Bierger verantwortlech sinn, probéieren d’Mayors for Peace Afloss op déi weltwäit Verbreedung vun Atomwaffen ze huelen an dës ze verhënneren. 

Säit dem 1. November 2015 ass d’Stad Iechternach och Member vun dëser Organisatioun. 

Bis elo sinn iwwer 8265 Stied a Gemengen aus 166 Länner weltwäit dem Netzwierk bäigetrueden. Lëtzebuerg ass mat iwwer 63 Gemengen vertrueden an steet domadder un zweeter Plaz am Ranking vun den europäeschen Länner mat de meeschten Participanten.

Dernière modification le 22.07.2024
Aller au contenu principal