Gitt Wonschengel!

D’Joer geet op en Enn zou an dës Zäit ass fir vill Leit eng Zäit vu Freed, mä fir anerer kann si och ee Gefill vun Trauregkeet, Isolatioun an Ongläichheet bedeiten. Fir de Kanner aus benodeelegte Familljen an de Gemengen Iechternach a Rousport-Mompech eng Freed kennen ze maachen, mécht den Office Social en Opruff zur Solidaritéit iwwert säi Projet „Wonschengel“.

D’Zil vum Projet ass et Kanner, déi vum Office Social ausgewielt goufen, e Kaddo am Wäert vu 50 € unzebidden. Dëse Kaddo enthält Spillsaachen, déi d’Kanner selwer kennen aussichen. Donieft kréien se ee Buch an eng Tut Kichelcher vun eise Partner.

Fir hir Dankbarkeet auszedrécken, hunn d’Kanner d’Méiglechkeet, Remerciements-Kaarten ze bastelen, déi anonym vum Office Social un d’Wonschengelen verschéckt ginn. Fir dëse Geste vun Zesummenhalt symbolesch ze representéieren, kënnen d’Kanner och Chrëschtbullen dekoréieren, déi um grousse Bam op der Maartplaz an duerch Stad Iechternach opgehaange ginn.

Mir soe lo schonns Merci un all Wonschengelen fir hir Generositéit, souwéi un eis Partner: Samkats SARL, Fifty-One Club Echternach, Club Soroptimist Echternach, Rotary Echternach-et-Moselle, Table Ronde 7 – Müllerthal, Lions Club Echternach, dem Här FUCHS H., der Epicerie Sociale an eise Gemengen Iechternach a Rousport-Mompech.

Fir weider Informatiounen zéckt net, den Office Social ze kontaktéieren :

Tel.: 26 72 00 91; secretariat.oser@echternach.lu

La fin d’année est souvent une période de joie pour beaucoup de personnes, mais elle peut aussi accentuer la tristesse, la solitude et les inégalités pour d’autres. Pour apporter un peu de réconfort aux enfants issus de familles démunies des communes d’Echternach et de Rosport-Mompach, l’Office Social lance un appel à la solidarité à travers son projet « Wonschengel ».

Ce projet a pour but d’offrir à chaque enfant sélectionné par l’Office Social un cadeau d’une valeur de 50 € sous forme de jouets, choisis par les enfants eux-mêmes. Un livre et un sachet de biscuits leur seront également offerts par nos partenaires.

Pour exprimer leur gratitude, les enfants auront la possibilité de confectionner des cartes de remerciement, qui seront transmises anonymement par l’Office Social aux parrains et marraines. Afin de donner une visibilité symbolique à ce projet et à cette solidarité, les enfants pourront également décorer des boules de Noël, qui seront accrochées sur le grand sapin à la Place du Marché et aux autres décorations de Noël de la Ville d’Echternach.

Nous adressons nos sincères remerciements à tous les « parrains » et « marraines » pour leur générosité, ainsi qu’à nos partenaires : Samkats SARL, Fifty-One Club Echternach, Club Soroptimist Echternach, Rotary Echternach-et-Moselle, Table Ronde 7 – Müllerthal et le Lions Club Echternach, M. FUCHS H., l’Epicerie Sociale et la Ville d’Echternach et la commune de Rosport-Mompach.

Pour plus d’informations n’hésitez pas à contacter l’Office Social :

Tél. : 26 72 00 91 ; secretariat.oser@echternach.lu

Dernière modification le 06.12.2024

Des articles de la même catégorie

Chrëschtmoart

Chrëschtmoart

Freet Iech mat eis op de Weekend vum Chrëschtmoart am historeschen Zentrum vun der Abteistad Iechternach! Matzen an der molerescher Alstad erwaarden Iech mat léift dekoréiert Stänn mat regionale Leckereien, handgemaachtem Konschthandwierk a Geschenkiddien.Genéisst...

lire plus
Subside scolaire pour l’année 2023-2024

Subside scolaire pour l’année 2023-2024

Pièces à joindre: Bulletins d'études de l'année scolaire 2023/2024 et le bulletin final de l’année 2023/2024 et, le cas échéant, le certificat de l’examen de fin d’études (post-primaire, DAP, universitaire …). Une copie du bulletin final de l’année scolaire...

lire plus
Aller au contenu principal