Modification concernant les conteneurs de collecte de vêtements

D’Kleedersammlung an eiser Gemeng gouf nei organiséiert. D’Kleedercontainer, déi virdrun um parking écologique – rue des Bénédictins stoungen, goufen aus logistesche Grënn verluet.

Vun elo un hutt Dir d’Méiglechkeet, Är al Kleeder an de speziell dofir opgestallte Containeren beim Gemengenatelier (60, rue Alferweiher, L-6412 Iechternach) ofzeginn.

Mir bieden Iech, nëmme propper an nach gutt erhalen Kleeder ofzeginn. Fir Verschmotzung ze vermeiden, mussen d’Kleeder, Textilien a Schong onbedéngt an zouene Plastikstuuten ofginn ginn.

Verschmotzt oder beschiedegt Textilien, Stoffreschter souwéi all aner Offäll sinn net zougelooss.

La collecte des vêtements usagés dans notre commune a été réorganisée. Les conteneurs, auparavant situés au parking écologique – rue des Bénédictins, ont été déplacés pour des raisons logistiques.

Désormais, vous pouvez déposer vos vêtements dans les conteneurs prévus à cet effet, situés à proximité du hall des services communaux (60, rue Alferweiher, L-6412 Echternach).

Nous vous remercions de ne déposer que des vêtements propres et en bon état. Afin d’éviter toute salissure, les vêtements, textiles et chaussures doivent impérativement être placés dans des sacs plastiques fermés.

Les textiles sales ou endommagés, les chutes de tissu ainsi que tout autre déchet ne sont pas autorisés.

Dernière modification le 31.03.2026

Des articles de la même catégorie

Baustelleninfo – Kräizung Morgenstern

Baustelleninfo – Kräizung Morgenstern

D'Gemeng Iechternach deelt mat, datt opgrond vu Réaménagementsaarbechten op der Kräizung Morgenstern vum 24.08.2026 bis de 05.09.2026 (abegraff) d'Rue des Remparts, d'Rue de la Montagne an d'Rue Hoovelek fir den Duerchgangsverkéier gespaart sinn. Eng Deviatioun a béid...

lire plus
Ëmstellung vun den Ecobacs ab dem 1. Januar 2027

Ëmstellung vun den Ecobacs ab dem 1. Januar 2027

Léif Biergerinnen a Bierger, vum 1. Januar 2027 un ginn déi blo an déi gréng Kierf (Ecobacs) net méi eidel gemaach. Am Kader vun dëser Ëmstellung huet all Stot Recht op eng gratis blo an eng gratis gréng Poubelle. Fir béid Poubellë kënnt Dir tëschent engem Volume vu...

lire plus
Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach

Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach

Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach Mir begréissen ganz häerzlech den Marcel Heinen als neie Schäffen vun der Gemeng Iechternach a wënschen him vill Erfolleg a Freed bei senger neier Aufgab. Mir freeën eis op déi gemeinsam Zesummenaarbecht an de kommende...

lire plus
Aller au contenu principal