Minibësch Bréil offiziell ugeplanzt

An der Rue de la Chapelle hunn d’Aarbechte fir en neien Tiny Forest ugefaangen. Op enger Fläch vu ronn 200 m² goufen ongeféier 800 heemësch Beem a Straicher geplanzt. De Mini-Bësch wäert sech an de kommende Joren zu enger wäertvoller grénger Oas entwéckelen, neie Liewensraum fir Déiere schafen, d’Biodiversitéit stäerken an zur Verbesserung vum Stadklima bäidroen.

Mat der Ëmsetzung vum Tiny-Forest-Projet gouf d’Fläch vun der fréierer Spillplaz nei gestalt. Fir Kanner a Familljen entsteet als Ersatz am Neibaugebitt Oachtergaïert eng nei an däitlech méi grouss Spillplaz, déi modern a flott Spillofferen ubidde wäert.

Déi éischt Planzaarbechte goufe mat tatkräfteger Ënnerstëtzung vun de Jugendpompjeeë vum CGDIS Iechternach duerchgefouert. Offiziell opgemaach gouf d’Planzaktioun vun der Buergermeeschtesch Carole Hartmann zesumme mat der Administration de la nature et des forêts an enger Schoulklass vum Cycle 4.1 vun der Millermoaler Schull – e schéint Zeeche fir e gemeinsaamt Engagement an dat gelieften Ëmweltbewosstsinn an eiser Stad.

Mat dësem Projet setzt d’Stad Iechternach e weidert staarkt Zeeche fir Nohaltegkeet an eng liewenswäert Zukunft.

Dans la Rue de la Chapelle, les travaux pour la création d’un nouveau Tiny Forest ont débuté. Sur une surface d’environ 200 m², près de 800 arbres et arbustes indigènes ont été plantés. Au cours des prochaines années, cette mini-forêt se développera en une précieuse oasis verte, créant un nouvel habitat pour les animaux, renforçant la biodiversité et contribuant à l’amélioration du climat urbain.

Dans le cadre de la mise en œuvre du projet Tiny Forest, le terrain de l’ancienne aire de jeux a été réaménagé. En remplacement, une nouvelle aire de jeux, nettement plus grande, verra le jour dans le nouveau quartier Oachtergaïert. Elle proposera aux enfants et aux familles des équipements modernes et attractifs.

Les premiers travaux de plantation ont été réalisés avec le soutien actif des jeunes sapeurs-pompiers du CGDIS Echternach. L’action de plantation a été officiellement lancée par la bourgmestre Carole Hartmann, en présence de l’Administration de la nature et des forêts et d’une classe du Cycle 4.1 de l’école Millermoaler — un beau symbole d’engagement collectif et de sensibilité environnementale au sein de notre ville.

Avec ce projet, la Ville d’Echternach envoie un nouveau signal fort en faveur du développement durable et d’un avenir de qualité.

Dernière modification le 13.02.2026

Des articles de la même catégorie

Campagne: Ofwaasser – Wat leeft?

Campagne: Ofwaasser – Wat leeft?

Verstoen, fir d'Waasser besser ze schützen De Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité lancéiert zesumme mat ALUSEAU an der Administration de la gestion de l’eau eng national Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne iwwert d’Ofwaasser.Dës...

lire plus
Vacance de poste

Vacance de poste

L’administration communale de la Ville d’Echternach se propose de recruter à plein temps pour les besoins du service technique un fonctionnaire communal (m/f/d) dans la catégorie de traitement B, groupe de traitement B1, sous-groupe administratif. Conditions...

lire plus
Red Hand Day 2026

Red Hand Day 2026

Um Red Hand Day 2026 hunn d’Kanner aus dem Cycle 4 vun der Millermoaler Schull un enger Aktioun deelgeholl, fir op de weltwäite Problem vun de Kannerzaldoten opmierksam ze maachen. De Red Hand Day ass eng jäerlech Initiativ, déi sech géint den Asaz vu Kanner a...

lire plus
Aller au contenu principal