La vie a Echternach

Tëscht Traditioun a Kreatioun: Konferenz mam Marc Schoellen, Vernissage a Stee vu Schülerwierker | Trifolion 10.03.2026

D’Gemeng Iechternach freet sech, Iech zesumme mam Lycée Classique d’Echternach (LCE) an dem Trifolion op de Vernissage vun der Ausstellung „La vie à Echternach“ anzelueden.

Den 10. Mäerz 2026 ab 18:00 Auer am Trifolion presentéieren d’Schülerinnen a Schüler vu 7e bis 1e hir Wierker, déi am Kader vun der Education artistique entstane sinn. Mat vill Kreativitéit a perséinlechem Bléck hu si sech mam Thema „Liewen zu Iechternach“ ausernee gesat an d’Stad aus hirer eegener Perspektiv festgehalen.

Am Uschloss un de Vernissage fënnt eng Stee vun ausgewielte Wierker statt. Den Erléis geet un UNICEF.

D’Ausstellung ass bis de 6. Abrëll 2026 am Trifolion ze gesinn.

Den 10. Mäerz 2026 um 19:00 Auer steet d’Konferenz vum Historiker Marc Schoellen um Programm. Säi Virtrag mam Titel „Iechternach tëscht Innovatioun an Traditioun: eng Inspiratiounsquell fir Kënschtler, Dichter an Architekten“ beliicht d’Roll vun Iechternach als Inspiratiounsquell duerch d’Zäiten.

Den Entrée ass gratis.

D’Gemeng Iechternach, de Lycée Classique d’Echternach an den Trifolion freeën sech op Äre Besuch an op e flotten Owend am Zeeche vun der Konscht.

Dernière modification le 04.03.2026

Des articles de la même catégorie

Startklar für das neue Schuljahr

Startklar für das neue Schuljahr

Die Region Echternach bringt ab September Resilienztraining für Grundschulkinder in 9 Gemeinden. Fast 550 Schülerinnen und Schüler des Zyklus 3 werden an einem strukturierten Resilienzprogramm teilnehmen, das von Happy Kids Academy mit Unterstützung der Fondation...

lire plus
Verkéiersinformatioun – ŠKODA Tour de Luxembourg

Verkéiersinformatioun – ŠKODA Tour de Luxembourg

D’Gemengeverwaltung vun der Stad Iechternach deelt mat, datt de ŠKODA Tour de Luxembourg vum 16. bis den 20. September 2026 stattfënnt. Am Kader vun der zweeter Etapp wäert d’Course den Donneschdeg, de 17. September, duerch d’Stad Iechternach féieren. D’Course wäert...

lire plus
Ofschafung vun den Ecobacen ab dem 1. Januar 2027

Ofschafung vun den Ecobacen ab dem 1. Januar 2027

Léif Biergerinnen a Bierger, vum 1. Januar 2027 un ginn déi blo an déi gréng Kierf (Ecobacs) net méi eidel gemaach. Am Kader vun dëser Ëmstellung huet all Stot Recht op eng gratis blo an eng gratis gréng Poubelle. Fir béid Poubellë kënnt Dir tëschent engem Volume vu...

lire plus
Aller au contenu principal