La vie a Echternach

Tëscht Traditioun a Kreatioun: Konferenz mam Marc Schoellen, Vernissage a Stee vu Schülerwierker | Trifolion 10.03.2026

D’Gemeng Iechternach freet sech, Iech zesumme mam Lycée Classique d’Echternach (LCE) an dem Trifolion op de Vernissage vun der Ausstellung „La vie à Echternach“ anzelueden.

Den 10. Mäerz 2026 ab 18:00 Auer am Trifolion presentéieren d’Schülerinnen a Schüler vu 7e bis 1e hir Wierker, déi am Kader vun der Education artistique entstane sinn. Mat vill Kreativitéit a perséinlechem Bléck hu si sech mam Thema „Liewen zu Iechternach“ ausernee gesat an d’Stad aus hirer eegener Perspektiv festgehalen.

Am Uschloss un de Vernissage fënnt eng Stee vun ausgewielte Wierker statt. Den Erléis geet un UNICEF.

D’Ausstellung ass bis de 6. Abrëll 2026 am Trifolion ze gesinn.

Den 10. Mäerz 2026 um 19:00 Auer steet d’Konferenz vum Historiker Marc Schoellen um Programm. Säi Virtrag mam Titel „Iechternach tëscht Innovatioun an Traditioun: eng Inspiratiounsquell fir Kënschtler, Dichter an Architekten“ beliicht d’Roll vun Iechternach als Inspiratiounsquell duerch d’Zäiten.

Den Entrée ass gratis.

D’Gemeng Iechternach, de Lycée Classique d’Echternach an den Trifolion freeën sech op Äre Besuch an op e flotten Owend am Zeeche vun der Konscht.

Dernière modification le 04.03.2026

Des articles de la même catégorie

Late Night Bus –   Suppression du dernier trajet

Late Night Bus – Suppression du dernier trajet

Léif Bierger, well d'Auer an der Nuecht vun e Samschdeg 28. op e Sonndeg 29. Mäerz em eng Stonn no fir geréckelt gëtt, fält dee leschten Trajet mat Depart um 2h55 ausnamsweis aus.Chers citoyens, en raison du changement d'heure dans la nuit du 28 au 29 mars, la...

lire plus
Avis au public

Avis au public

Projet de modification ponctuelle du plan d’aménagement particulier (PAP-QE) «Oachtergäiert» Réf. 16498/75C  Il est porté à la connaissance du public que le bureau Zeyen+Baumann sàrl de Luxembourg, au nom et pour le compte de la Ville d’Echternach, a présenté un...

lire plus
Campagne: Ofwaasser – Wat leeft?

Campagne: Ofwaasser – Wat leeft?

Verstoen, fir d'Waasser besser ze schützen De Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité lancéiert zesumme mat ALUSEAU an der Administration de la gestion de l’eau eng national Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne iwwert d’Ofwaasser.Dës...

lire plus
Aller au contenu principal