Campagne: Ofwaasser – Wat leeft?

Verstoen, fir d’Waasser besser ze schützen

De Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité lancéiert zesumme mat ALUSEAU an der Administration de la gestion de l’eau eng national Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne iwwert d’Ofwaasser.
Dës Initiativ soll dem Public op eng einfach a verständlech Aart weisen, wat mat eisem Ofwaasser geschitt, nodeems et am Offloss „verschwënnt“, a firwat dat fir Emwelt a Waasserressourcen wichteg ass.
Zënter dem 2. Mäerz 2026 gëtt et dofir eng eegestänneg Informatiounsplattform ofwaasser.lu an eng Rei pedagogesch a kommunikativ Materialien, déi am ganze Land verdeelt ginn.

Firwat ass Ofwaasser e Sujet, deen eis all betrëfft?

All Dag ginn Ofwaasser aus Stéit, Aktivitéiten an ëffentlechen Infrastrukturen gesammelt, transportéiert a gerengegt, ier se zeréck an d’Natur geleet ginn.
Och wann d’Infrastruktur am Allgemengen performant ass, hänkt hire gudde Fonctionnement staark dovun of, wéi mir se am Alldag benotzen.
Eng falsch Entsuergung iwwer Toilette oder Spull kann Verstopfungen, technesch Stéierungen, Iwwerlaaschtung vun den Anlagen an méi Verschmotzung vun de Gewässer verursaachen.

Wat weist d’Campagne konkret?

D’Campagne mécht e Prozess siichtbar, deen am Alldag meeschtens onsichtbar bleift: de Wee vum Ofwaasser duerch Kanalisatioun, Pompelstatiounen an Kläranlagen bis zréck an d’Gewässer.
Si erkläert, wéi d’Netzer an d’Kläranlagen funktionéieren, a wéi eis Gewunnechten d’Qualitéit vun de Flëss an indirekt och d’Waasserressourcen beaflossen.
D’Campagne leeft iwwer dräi Joer a mécht och d’Aarbecht vun den Équipen um Terrain besser bekannt.

Dee wichtegste Message: Net alles gehéiert an den Offloss

„Wat mir mengen ewechzegeheien, geet weider“: Saachen, déi am Offloss landen, kënnen duerch d’Netz wanderen, an d’Kläranlag erreechen oder an d’Ëmwelt geroden.
D’Campagne nennt ë. a. Objeten a Stoffer, déi vill ze dacks am Offloss/Toliett landen an do Problemer maachen: Chemikalien, Speiseueleg a ‑fetter, Feuchtticher (och déi als „biologisch ofbaubar“ ugekënnegt), Tamponen, Wattestäbchen, Kondomer, Hygieneartikelen, Faarwen a Lacken.
Besonnesch Feuchttücher kënnen d’Leedungen verstoppen an och Pompelen an de Pompelstatiounen blockéieren, wat Reparaturen a Betribsënnerbriechunge mat sech brénge kann.
Kläranlagen leeschten vill, mee si hu Limitten: bestëmmte Stoffer wéi Medikamentereschter, Chemikalien, Mikroplastik oder Fetter loossen sech net ëmmer komplett ewechhuelen.

Wéi kann ech am Alldag hëllefen? (Einfach a konkret)

Den Haaptprinzip vun der Campagne ass: nëmmen dat an den Offloss, wat dohinner gehéiert, an am Zweiwel léiwer ewechgehäit amplaz erofgespullt.
Esou kleng, konsequent Gesten droen dozou bäi, d’Infrastruktur ze schützen an d’Gewässerbelaaschtung ze reduzéieren.

Méi Informatiounen

Offiziell Campagnesäit: https://ofwaasser.lu
Do fannt Dir ë. a. verständlech Erklärungen, en Quiz an Inhalter ronderëm d’Mascotte „Clea“ (de „Wassertropfen“), déi de Wee vum Ofwaasser illustréiert.

Verstehen, um Wasser besser zu schützen

Das Ministerium für Umwelt, Klima und Biodiversität führt gemeinsam mit ALUSEAU und der Administration de la gestion de l’eau eine nationale Informations- und Sensibilisierungskampagne zum Thema Abwasser durch.
Ziel ist es, für alle verständlich zu erklären, was mit unserem Abwasser passiert, nachdem es im Abfluss verschwindet – und warum das für Umwelt und Wasserressourcen entscheidend ist.
Seit dem 2. März 2026 stehen dafür eine Informationsplattform (ofwaasser.lu) sowie verschiedene Informations- und Kommunikationsmaterialien zur Verfügung, die landesweit verbreitet werden.

Warum betrifft uns das alle?

Jeden Tag werden Abwässer aus Haushalten, wirtschaftlichen Tätigkeiten und öffentlicher Infrastruktur gesammelt, transportiert und gereinigt, bevor sie wieder in die Umwelt zurückgeführt werden.
Auch wenn die Infrastruktur leistungsfähig ist, hängt ihr reibungsloser Betrieb maßgeblich vom Verhalten jedes Einzelnen ab.
Falsche Entsorgung über Toilette oder Ausguss kann Verstopfungen, technische Störungen, Überlastungen und eine höhere Gewässerbelastung verursachen.

Was erklärt die Kampagne konkret?

Die Kampagne macht einen meist unsichtbaren Prozess sichtbar: den Weg des Abwassers durch Kanalisation, Pumpstationen und Kläranlagen bis zur Rückführung in ein Gewässer.
Sie erläutert verständlich den Betrieb von Abwassernetzen und Kläranlagen und zeigt, wie Alltagsgewohnheiten die Qualität von Oberflächengewässern und damit auch Wasserressourcen beeinflussen können.
Die Kampagne ist auf drei Jahre angelegt und stellt zudem die Arbeit der Teams vor Ort stärker in den Fokus.

Kernbotschaft: Nicht alles gehört in den Abfluss

„Was wir wegwerfen, ist nicht einfach verschwunden“: Dinge, die im Abfluss landen, wandern durch das Netz, gelangen in Kläranlagen – oder können in die Umwelt entweichen.
Auf ofwaasser.lu werden typische Problemstoffe und Gegenstände genannt, die zu oft im Abfluss/der Toilette landen, z. B. Chemikalien, Speiseöle und -fette, Feuchttücher (auch „biologisch abbaubare“) , Tampons, Wattestäbchen, Kondome, Hygieneartikel, Farben und Lacke.
Gerade Feuchttücher können Leitungen verstopfen und in Pumpstationen Verwicklungen in Pumpen verursachen, was Reparaturen und Betriebsstörungen nach sich ziehen kann.
Kläranlagen leisten viel – aber sie haben Grenzen: Bestimmte Stoffe wie Medikamente, Chemikalien, Mikroplastik oder Fette lassen sich nicht immer vollständig entfernen.

Was können wir im Alltag tun?

Das Grundprinzip der Kampagne lautet: Nur das in den Abfluss, was dort hingehört – und im Zweifel lieber korrekt entsorgen statt herunterspülen.
Solche einfachen, konsequenten Handgriffe helfen, die Infrastruktur zu schützen und die Belastung der Gewässer zu reduzieren.

Mehr Informationen

Offizielle Kampagnenseite: https://ofwaasser.lu
Dort finden Sie u. a. Erklärformate, ein Quiz und Inhalte rund um die Figur „Clea“, die den Weg des Abwassers anschaulich macht.

Comprendre pour mieux protéger l’eau

Le ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité, en collaboration avec ALUSEAU et l’Administration de la gestion de l’eau, lance une campagne nationale d’information et de sensibilisation dédiée aux eaux usées.
L’objectif est d’expliquer de manière accessible ce qui se passe après que l’eau « disparaît » dans l’évacuation, et pourquoi la bonne gestion des eaux usées est essentielle pour l’environnement et les ressources en eau.
Depuis le 2 mars 2026, un site dédié (ofwaasser.lu) ainsi que des supports d’information et de communication sont diffusés à travers le pays.

Pourquoi en parler ?

Chaque jour, les eaux usées provenant des ménages, des activités économiques et des infrastructures publiques sont collectées, transportées et traitées avant d’être restituées au milieu naturel.
Même si les infrastructures sont performantes, leur bon fonctionnement dépend aussi du comportement de chacun.
Une mauvaise utilisation du réseau (toilettes/évier comme « poubelle ») peut entraîner des obstructions, des dysfonctionnements, une surcharge des installations et une pollution accrue des milieux aquatiques.

Ce que la campagne met en lumière

La campagne rend visible un parcours souvent méconnu: le passage des eaux usées dans les canalisations, via des stations de pompage et jusqu’aux stations d’épuration, avant le retour au cours d’eau.
Elle explique le fonctionnement des réseaux d’assainissement et des stations d’épuration, ainsi que l’impact de nos gestes quotidiens sur la qualité des cours d’eau et des ressources en eau.
La campagne est prévue sur trois ans et valorise aussi le travail des équipes sur le terrain.

Message central : tout ne doit pas être évacué par les canalisations

Ce que l’on jette dans l’eau ne « disparaît » pas: cela poursuit son chemin dans le réseau, arrive aux stations d’épuration, peut s’échapper vers les rivières et continuer à circuler dans l’environnement.
Le site de la campagne cite des exemples fréquents d’objets/substances qui posent problème lorsqu’ils sont évacués par l’évier ou les toilettes
: produits chimiques, huiles et graisses alimentaires, lingettes (y compris celles présentées comme “biodégradables”), tampons, coton-tiges, préservatifs, articles d’hygiène, peintures et vernis.
Les lingettes, notamment, peuvent s’emmêler dans les pompes des stations de pompage et provoquer des réparations importantes ainsi que des perturbations de fonctionnement.
Les stations d’épuration sont indispensables, mais leurs possibilités ne sont pas illimitées
: certaines substances (p.ex. médicaments, produits chimiques, microplastiques ou graisses) ne peuvent pas toujours être éliminées entièrement.

Les bons réflexes au quotidien

L’idée-clé de la campagne est simple: n’évacuer que ce qui doit l’être — et éviter de transformer l’évier ou la toilette en solution d’élimination.
Des gestes responsables contribuent à protéger les infrastructures publiques et à réduire la pression sur les milieux aquatiques.

Plus d’informations

Site officiel : https://ofwaasser.lu
Vous y trouverez des explications accessibles, un quiz et des contenus pédagogiques (notamment autour de «
Clea») pour mieux comprendre le parcours des eaux usées.

Dernière modification le 10.03.2026

Des articles de la même catégorie

Aarbechten op der Maartplaz

Aarbechten op der Maartplaz

Op der Maartplaz gëtt aktuell eng Musterfläch mat Paweesteng ugeluecht, fir eng barrièreaarm a fir jiddereen zougänglech Gestaltung vum ëffentleche Raum ze testen. D’Zil vun dëser Moossnam ass et, besonnesch d’Bedierfnesser vu Persoune mat reduzéierter Mobilitéit...

lire plus
Aarbechten um Waasserbecken am Park

Aarbechten um Waasserbecken am Park

Aarbechten um Waasserbecken am Park D’Waasserbecken („Rondeau“) am Park vun Iechternach gëtt aktuell konservéiert a restauréiert. Dës Aarbechten déngen dozou, dëse wäertvollen Deel vum architektonesche Patrimoine nohalteg ze erhalen. Dobäi ginn ënner anerem...

lire plus
GoGoVelo Challenge!

GoGoVelo Challenge!

GoGo Vëlo – mam Vëlo op de Mound D’Editioun 2026 vu GoGo Vëlo ass den 13. Abrëll an eng nei Ronn gestart. Bis de 24. Mee kënnt dir deelhuelen an dozou bäidroen, dass Lëtzebuerg et um Vëlo zesumme bis op de Mound packt. Wéi kënnt dir matmaachen? 1) App Radbonus...

lire plus
Aller au contenu principal