Installatioun vu Berliner Këssen an e puer Stroossen

Installatioun vu Berliner Këssen an e puer Stroossen

Am Kader vun de Mesurë fir d’Verkéiersberouegung huet d’Stad Iechternach mat der Installatioun vu Berliner Këssen ugefaangen.

Dës Verkéiersberouegungsmoossname sollen dozou bäidroen, d’Vitess vun de Gefierer ze reduzéieren an d’Sécherheet vun allen Verkéiersparticipanten, besonnesch de Foussgänger an de Vëlosfuerer, ze verbesseren.

D’Berliner Këssen ginn an de folgende Stroossen installéiert:

  • Rue Krunn: 2 Berliner Këssen
  • Rue des Romains: 2 Berliner Këssen
  • Rue Kahlenbeerch: 2 Berliner Këssen
  • Rue de la Chapelle: 1 Berliner Këssen

Mir bieden all Verkéiersparticipanten, dës nei Installatiounen ze respektéieren an hir Fuerweis unzepassen.

D’Stad Echternach seet Merci fir Äert Versteesdemech an Är Matwierkung fir méi Sécherheet op eise Stroossen.

Installation de coussins berlinois dans plusieurs rues

Dans le cadre des mesures visant à apaiser la circulation, la Ville d’Echternach a commencé l’installation de coussins berlinois.

Ces aménagements ont pour objectif de réduire la vitesse des véhicules et d’améliorer la sécurité de tous les usagers de la route, en particulier des piétons et des cyclistes.

Les coussins berlinois sont installés dans les rues suivantes :

  • Rue Krunn : 2 coussins berlinois
  • Rue des Romains : 2 coussins berlinois
  • Rue Kahlenbeerch : 2 coussins berlinois
  • Rue de la Chapelle : 1 coussin berlinois

Nous invitons tous les usagers de la route à respecter ces nouveaux aménagements et à adapter leur conduite en conséquence.

La Ville d’Echternach vous remercie de votre compréhension et de votre contribution à une circulation plus sûre.

Dernière modification le 24.07.2026

Des articles de la même catégorie

Verkéiersinformatioun vum Ponts & Chaussées

Verkéiersinformatioun vum Ponts & Chaussées

Am Kader vu Stroossenaarbechte kënnt et den 13. November 2026 zu Verkéiersbehënnerungen op der N11B an dem CR368. N11B – Vollspärung vun 13:00 bis 17:00 Auer D'N11B gëtt wärend dëser Zäit fir de gesamte Verkéier gespaart. Eng offiziell Ëmleedung gëtt vun der...

lire plus
Gitt Wonschengel!

Gitt Wonschengel!

« Wonschengel » : Loosst eis zesummen all Kand e magesche Chrëschtdag schenken! A wa mir dëst Joer zesumme dofir suergen datt Chrëschtdag fir all Kand zu engem onvergiessleche Moment gëtt?D'Chrëschtzäit steet fir Magie, Zesummenhalt a Freed. Fir verschidde Familljen a...

lire plus
Baustelleninformatioun – N11, Route de Luxembourg

Baustelleninformatioun – N11, Route de Luxembourg

Am Kader vun den aktuelle Bauaarbechten op der N11, Route de Luxembourg, gëtt d’Bushaltestell "Nonnemillen-Lac" ab Donneschdeg, den 29. Oktober 2026, provisoresch ëm e puer Meter no ënne verluecht. Déi provisoresch Haltestell bleift bis zum Ofschloss vun den...

lire plus
Aller au contenu principal