Ëmstellung vun den Ecobacs ab dem 1. Januar 2027

Léif Biergerinnen a Bierger,

vum 1. Januar 2027 un ginn déi blo an déi gréng Kierf (Ecobacs) net méi eidel gemaach. Am Kader vun dëser Ëmstellung huet all Stot Recht op eng gratis blo an eng gratis gréng Poubelle. Fir béid Poubellë kënnt Dir tëschent engem Volume vu 45, 120 oder 240 Liter wielen.

Fir déi nei Poubellen ze bestellen, biede mir Iech, den ausgefëllte Bestellschäin bis spéitstens den 30. September 2026 per E-Mail un dechets@echternach.lu oder per Post un d’Gemeng zeréckzeschécken.

Déi al Kierf kënnt Dir gäre behalen. Sollt Dir se net méi brauchen, gi se den Dag vum Austausch vun eise Mataarbechter matgeholl. Dir kënnt se och den éischten an drëtte Samschdeg vum Mount am Recyclingzenter ofginn.

Mir soen Iech Merci fir Är Zesummenaarbecht an Äert Verständnis!

Chères concitoyennes, chers concitoyens,

À partir du 1er janvier 2027, les corbeilles (Ecobacs) bleues et vertes ne seront plus vidées. Dans le cadre de ce changement, chaque ménage aura droit à une poubelle verte et bleue gratuitement. Il sera possible de choisir entre trois volumes : 45, 120 ou 240 litres.

Pour commander les nouvelles poubelles, nous vous prions de bien vouloir retourner le formulaire dûment rempli au plus tard le 30 septembre 2026, par e-mail à l’adresse dechets@echternach.lu ou par courrier à l’administration communale.

Vous pouvez conserver les anciens bacs. Si vous ne souhaitez pas les conserver, ils seront repris par nos services le jour de l’échange des poubelles. Vous pouvez également les déposer au centre de recyclage le premier et le troisième samedi du mois.

Nous vous remercions pour votre collaboration et votre compréhension !

Liebe Mitbürgerinnen und Mitbürger,

ab dem 1. Januar 2027 werden die blauen und grünen Körbe (Ecobacs) nicht mehr geleert. Im Rahmen dieser Umstellung hat jeder Haushalt Anspruch auf eine grüne und eine blaue Mülltonne. Diese werden von der Gemeinde kostenlos zur Verfügung gestellt. Sie können zwischen den Größen 45, 120 oder 240 Liter wählen.

Um die neuen Mülltonnen zu bestellen, bitten wir Sie, den vollständig ausgefüllten Bestellschein bis spätestens 30. September 2026 entweder per E-Mail an dechets@echternach.lu oder per Post an die Gemeindeverwaltung zurückzusenden.

Die alten Körbe können Sie gerne behalten. Sollten Sie diese nicht mehr benötigen, werden sie am Tag des Austauschs von unseren Mitarbeitern eingesammelt. Alternativ können Sie diese am ersten und dritten Samstag des Monats im Recyclingcenter abgeben.

Wir bedanken uns für die Zusammenarbeit und Ihr Verständnis!

Dernière modification le 13.08.2026

Des articles de la même catégorie

Baustelleninfo – Kräizung Morgenstern

Baustelleninfo – Kräizung Morgenstern

D'Gemeng Iechternach deelt mat, datt opgrond vu Réaménagementsaarbechten op der Kräizung Morgenstern vum 24.08.2026 bis de 05.09.2026 (abegraff) d'Rue des Remparts, d'Rue de la Montagne an d'Rue Hoovelek fir den Duerchgangsverkéier gespaart sinn. Eng Deviatioun a béid...

lire plus
Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach

Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach

Ännerung am Schäfferot vun der Stad Iechternach Mir begréissen ganz häerzlech den Marcel Heinen als neie Schäffen vun der Gemeng Iechternach a wënschen him vill Erfolleg a Freed bei senger neier Aufgab. Mir freeën eis op déi gemeinsam Zesummenaarbecht an de kommende...

lire plus
Aller au contenu principal