La vie a Echternach

Tëscht Traditioun a Kreatioun: Konferenz mam Marc Schoellen, Vernissage a Stee vu Schülerwierker | Trifolion 10.03.2026

D’Gemeng Iechternach freet sech, Iech zesumme mam Lycée Classique d’Echternach (LCE) an dem Trifolion op de Vernissage vun der Ausstellung „La vie à Echternach“ anzelueden.

Den 10. Mäerz 2026 ab 18:00 Auer am Trifolion presentéieren d’Schülerinnen a Schüler vu 7e bis 1e hir Wierker, déi am Kader vun der Education artistique entstane sinn. Mat vill Kreativitéit a perséinlechem Bléck hu si sech mam Thema „Liewen zu Iechternach“ ausernee gesat an d’Stad aus hirer eegener Perspektiv festgehalen.

Am Uschloss un de Vernissage fënnt eng Stee vun ausgewielte Wierker statt. Den Erléis geet un UNICEF.

D’Ausstellung ass bis de 6. Abrëll 2026 am Trifolion ze gesinn.

Den 10. Mäerz 2026 um 19:00 Auer steet d’Konferenz vum Historiker Marc Schoellen um Programm. Säi Virtrag mam Titel „Iechternach tëscht Innovatioun an Traditioun: eng Inspiratiounsquell fir Kënschtler, Dichter an Architekten“ beliicht d’Roll vun Iechternach als Inspiratiounsquell duerch d’Zäiten.

Den Entrée ass gratis.

D’Gemeng Iechternach, de Lycée Classique d’Echternach an den Trifolion freeën sech op Äre Besuch an op e flotten Owend am Zeeche vun der Konscht.

Dernière modification le 04.03.2026

Des articles de la même catégorie

e-Lake 2026 – Note explicative aux riverains

e-Lake 2026 – Note explicative aux riverains

Informationen für die Anwohnerinnen und Anwohner Zum e-Lake Festival 2026 werden vom 7. bis 9. August erneut rund 20.000 Besucherinnen und Besucher am Echternacher See erwartet. Die Konzertzeiten sind wie folgt: Freitag: 18:00 bis 03:00 Uhr Samstag: 15:00 bis 03:00...

lire plus
L’ABC du tri des déchets au Luxembourg

L’ABC du tri des déchets au Luxembourg

Le tri des déchets est simple - et tu peux faire une différence ! En triant correctement nos déchets à la maison, nous favorisons le recyclage et la réutilisation de matériaux tels que le papier, le verre, le plastique, le métal et bien d’autres. Nous économisons...

lire plus
Aller au contenu principal