Les rues au féminin

 Affichons l’égalité

Vum 8. bis den 31. März goufe verschidde Stroossen an eiser Gemeng symbolesch ëmbenannt. ‘Affichons l’égalité’ ass eng symbolesch Aktioun fir de Welt-Fraendag, déi de Fraen eng méi grouss Visibilitéit soll ginn. Eis Gemeng huet matgemach béi dëser Aktioun, déi vum SYVICOL an dem Conseil national des femmes au Luxembourg ënnerstëtzt gouf, an huet véier Fraen ausgewielt déi wéinst hirem besonneschen Engagement geéiert goufen.

D’Strossen déi fir de März iwwer symbolesch e néie Numm kruten :

  • Rue Madeleine Weis-Bauler (Rue des Merciers)
  • Rue Lydie Schmit (Rue de la Sûre)
  • Rue Marie-Paule Molitor Peffer (Rue des Redoutes)
  • Rue Mady Schaffner (Haaler Buurchmauer)

Mady Schaffner (1934-2021)

Haushaltungsléierin, Member am Gemengerot (1988-1998), éischt Buergermeeschtesch vun der Stad Iechternach (1994 bis 1998)

Bis 1988 huet d’Mady Schaffner als Haushaltungsléierin am Iechternacher Enseignement complémentaire geschafft. Duerno huet si als éischt Buergermeeschtesch vun Iechternach wichteg Projeten ëmgesat oder an d’Wee geleet: ënner anerem Kultur- an Tourismuszentrum am sougenannte Paatregebei, déi nei Schoulinfrastruktur, d’regional Industriezon an d’Renovéierung vum Spidol. D’Mady Schaffner war och hiert Liewe laang an de Scouten a Guidë vun der AGGL aktiv. Spéider war si och an der FNEL, dem Dachverband vun de Scouten, engagéiert. Si huet d’Wäerter vun dësem Jugendmouvement gelieft an un déi Jonk weiderginn.

Lydie Schmit (1939-1988)

Politikerin, Grënnungsmember vun de Femmes socialistes, éischt Presidentin vun der Aarbechterpartei am Joer 1974.

Am Joer 1970 gëtt d’Lydie Schmit Member vun der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei a gëtt nëmmen véier Joer méi spéit hir Presidentin. Als éischt Fra op esou engem Posten, zu Lëtzebuerg an an Europa. 1979 gëtt si an d’Parlament gewielt mee gëtt dëse Poste no engem Joer op fir Presidentin an der Sozialistischen Fraueninternationale ze ginn. 1985 gëtt si schliisslech als Deputéiert am Europa-Parlament gewielt wou si sech haptsächlech fir Frae-Politik an international Solidaritéit interesséiert. Hiert Liewe laang huet sech d’Lydie Schmit och fir Fraerechter an der Internationale socialiste agesat, wou si eng Resolutioun adoptéiert huet, déi Paritéit tëscht Fraen a Männer an de Gremien schafe soll.

Madeleine Weis-Bauler (1921-2014)

Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Resistenzlerin

D’Madeleine Weis-Bauler weigert sech nom Ausbroch vum zweete Weltkrich der Volksdeutschen Bewegung bäizetrieden a fënnt aus dësem Grond als jonk Fra keng Aarbecht. Spéider gëtt si Assistentin an engem Büro, mee schléisst sech och ganz fréi de „Lëtzebuerger Freihétskämpfer“ (L.F.K.) un. 1944 gëtt si wéinst Verdacht op Spionage verhaft. Si muss doropshin an den Aarbechtsdéngscht a schafft a Wéngerten, Gäert, Holzfabricken an an ënnerierdëschen Munitiounsfabricken. Spéiderhi gëtt si an de Konzentratiounslagere Ravenbrück a Bergen-Belsen inhaftéiert. De Krich an d’Konzentratiounslager konnt si iwwerliewen an déi Erënnerunge spéider an hire Memoiren ‘Aus einem anderen Leben’ festhalen. Si war nom Krich och als Kënschtlerin aktiv. 2009 waren hir Aquarellen am Centre culturel de rencontre an der Abtei Neumünster ausgestallt.     

Marie-Paule Molitor-Peffer (1929-1999)

Fraendoktesch, Grënnungsmember vum Planning familial

D’Marie-Paule Molitor-Peffer war Fraendoktesch an huet 1966 d’Vereenegung ‘Famille heureuse – Mouvement luxembourgeois pour le planning familial’ matgegrënnt.  Vun 1981 bis 1992 war si Presidentin vum Planning familial zu Lëtzebuerg. Si huet sech virun allem fir eng modern Sexualerzéiung, den Zougang zu Verhütungsmëttel an d’Entkriminaliséierung vun der Ofdreiwung agesat. Dobäi huet si sech och géint d’Gewalt un de Fraen a sexuellen Abus vu Kanner ausgeschwat. Themen déi an de 60er a 70er Joeren nach Tabu waren zu Lëtzebuerg.

Dernière modification le 11.03.2024

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal