Concerten an der Basilika

Am Summer fannen an der Basilika erëm eng ganz Rei ënnerschiddlech Concerte statt. Ugefaange gëtt mat der Rei „Uergel Punkt 12“ bei der vum 31. Mee bis 12. Juli freides eng musikalesch Mëttegstonn mat Uergelkläng vu wiesselende Museker ka genoss ginn. Ab Mëtt Juli stinn mat „Les Ballades du Carillon“ Klackespill Concerte mam Fabrice Renard um Programm esou wéi am Kader vum „Uergelsummer“ Owesconcerte mat verschiddenen Organisten aus Lëtzebuerg a Deitschland.

Cet été, la basilique accueille à nouveau de nombreux concerts différents. La première série de concerts « Uergel Punkt 12 » propose, les vendredis du 31 mai au 12 juillet, une pause déjeuner musicale au son de l’orgue interprété par différents musiciens. À partir de la mi-juillet, « Les Ballades du Carillon » avec Fabrice Renard sont au programme, ainsi que des concerts en soirée avec différents organistes du Luxembourg et d’Allemagne dans le cadre du « Uergelsummer ».

Uergel Punkt 12

Freides um 12h
Gratis Entrée

  • 31.05.2024 Jos Majerus (Uergel)
  • 07.06.2024 Stefan Mahr (Uergel)
  • 14.06.2024 Gesangsklasse von Ursula Thies & Evelyn Czesla, Isolde Längst & Jos Majerus (Uergel)
  • 21.06.2024 Jehanne Strepenne (Violine) & Rosch Mirkes (Uergel)
  • 05.07.2024 Julien Landers (Uergel)
  • 12.07.2024 Jörg Schreiner (Uergel)
    Les Ballades du Carillon

    16.07. | 23.07. | 30.07. | 06.08. | 13.08. | 20.08.2024

    Dënschdes um 17h30 (20h00 den 20.08.)

    mam Fabrice Renard

    Gratis Visitten vum Carillon um 16h30 (19h00 den 20.08.)
    Umeldung & Treffpunkt: Echternach Tourist Office

     

    De Carillonneur vun der Eechternoacher Basilika Fabrice Renard ass zu Bréissel, Léck a Nanzeg ausgebilt ginn. Hien deelt seng musikalesch Aktivitéiten haut tëscht der Belsch an dem Grand-Duché op an ass ënner anerem Enseignant an der Regionaler Museksschoul. De Fabrice Renard huet awer och dräi weider Ofschlëss am Import-Export, Marketing an an den Handelswëssenschaften, ass Fotograf a Moler, Produzent a Moderator vun der Sendung „Multi Music“ beim Radio RCF Liège an e komponéiert fir Klackespill, Piano, Uergel a Braatsch. Fir déi dësjäreg Editioun vun „Les Ballades du Carillon“ hält de multi-talentéierte Carilloneur erëm en ofwiesslungsräiche Programm fir Iech bereet. Am beschte kënnt Dir d’Concerten vun den Terrassen um Moart lauschteren. Den Echternach Tourist Office bitt virun de Concerten Visitten vum Carillon un.

    —————————-

    Fabrice Renard, carillonneur de la Basilique à Echternach, est lauréat des Conservatoires Royaux de Bruxelles, de Liège et de l’Imep. Il partage aujourd’hui ses activités musicales entre la Belgique et le Grand-Duché de Luxembourg, où il est professeur à l’École Régionale de Musique. Fabrice Renard est également titulaire de trois graduats en import-export, marketing et en sciences commerciales, il est photographe et peintre, Producteur-Animateur de l’émission « Multi Music » sur les antennes de RCF Liège et il compose pour carillon, piano, orgue et alto. Pour cette édition de « Les Ballades du Carillon », le carillonneur multi-talentueux vous proposera à nouveau un programme varié.

    Eechternoacher Uergelsummer

    Freides um 20h

    Entrée: 15€ | 10€ reduzéiert |gratis < 13 Joer

     

    • 09.08.2024 Stefanie Duprel (LU)
    • 16.08.2024 Ann Majerus (LU) & Jos Majerus (LU)
    • 23.08.2024 Jörg Schreiner (DE)
    Dernière modification le 31.05.2024

    Des articles de la même catégorie

    Info Parking – Rue André Duchscher

    Info Parking – Rue André Duchscher

    Mir si frou Iech matzedeelen, datt den nei amenagéierte Parking bei der Maison régionale an der Rue André Duchscher leschte Freideg am Nomëtteg erëm opgaangen ass, a mat sengen haut 41 Stellplazen elo fir d’Ëffentlechkeet zougänglech ass. Duerch...

    lire plus
    Vacance de poste

    Vacance de poste

    Avis de vacance de poste   L’administration communale de la Ville d'Echternach se propose de recruter pour les besoins de son Ecole Régionale de Musique un enseignant de guitare basse (m/f/d), ceci sous le statut du salarié à tâche intellectuelle, groupe...

    lire plus
    Aller au contenu principal