Dréngend Ännerung vun der Verkéiersféierung am Kader vum Chantier N11
D’Stad Iechternach informéiert d’Awunner an d’ Verkéiersparticipanten datt d’Administration des Ponts et Chaussées kuerzfristeg dréngend Aarbechten am Kader vum lafende Projet op der N11 ugewisen huet. Dës Aarbechten hunn den 09.11.2026 ugefaangen. D’Gemeng gouf eréischt kuerzfristeg iwwer d’Drénglechkeet an d’Duerchféierung informéiert a konnt dës Adaptatioun vun der Verkéiersféierung dofir leider net am Virfeld kommunizéieren.
Vum 09.11.2026 bis den 13.11.2026 ass de Mëttelsträifen op der N11 am Beräich vun der Kräizung Rue Krunn/ rue des Moulins / Route de Luxembourg gespaart.
Dëst bedeit, datt all Verkéiersparticipant, deen aus der Rue Krunn oder der Rue des Moulins kënnt, op der Kräizung mat der N11 obligatoresch no riets a Richtung Stad Lëtzebuerg ofbéie muss. En Ofbéien no lénks a Richtung Stadkär Iechternach ass wärend dëser Period net méiglech. Gläichzäiteg kënnen d’Gefierer, déi op der Route de Luxembourg aus Richtung Stad Lëtzebuerg kommen, net no lénks an d’Rue Krunn erafueren.
D’Gemeng bedauert déi kuerzfristeg Informatioun an déi domat verbonne Beanträchtegungen. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech a Merci fir Är Gedold.
Modification urgente de la circulation dans le cadre du chantier N11
La Ville d’Echternach informe les riverains et les usagers de la route que l’Administration des Ponts et Chaussées a prescrit à très court terme des travaux urgents dans le cadre du projet en cours sur la N11. L’exécution de ces travaux a débuté le 09.11.2026. La Ville n’ayant été informée que tardivement du caractère urgent et des modalités de mise en œuvre de cette intervention, elle n’a malheureusement pas été en mesure de communiquer cette information au préalable.
Du 09.11.2026 au 13.11.2026 inclus, la voie de milieu sur la N11, au niveau du carrefour entre la Rue Krunn, la rue des Moulins et la Route de Luxembourg, sera neutralisée.
Par conséquent, les usagers venant de la Rue Krunn ou de la rue des Moulins devront obligatoirement tourner à droite en direction de Luxembourg-Ville. Il ne sera pas possible de tourner à gauche en direction du centre-ville d’Echternach. De même, les véhicules circulant sur la Route de Luxembourg en provenance de Luxembourg-Ville ne pourront pas tourner à gauche vers la Rue Krunn.
La Ville d’Echternach regrette les désagréments occasionnés par cette mesure mise en œuvre dans des délais très courts et remercie les riverains ainsi que les usagers pour leur compréhension.






