D’Gemeng Iechternach bitt Schüler a Studenten (m/w) d’Méiglechkeet, wärend der Summerperiod 2026 e Vakanzenjob bei der Gemeng ze iwwerhuelen.
Déi agestallte Schüler a Studenten ënnerstëtzen aktiv d’Gemengeservicer an de Gemengenatelier a gi bei verschiddenen Aufgaben a Beräicher agesat. Dëst erlaabt hinnen, praktesch Beruffserfarung ze sammelen, d’Aarbecht vun enger Gemeng besser kennen ze léieren an aktiv zum kommunale Liewe bäizedroen.
Déi 40 Plaze ginn an der Reiefolleg verginn, an där déi komplett Bewerbunge bei der Gemeng erakommen, a soulaang nach fräi Plazen disponibel sinn.
Konditiounen
- Astellungsperiod: vum 15. Juli 2026 bis den 15. September 2026
- Astellungsdauer: 2 Wochen um Stéck
- Zuel vun den Astellungen: maximal 40 Schüler / Studenten
- Mindestalter: 15 Joer zum Zäitpunkt vun der Astellung
- Wunnsëtz: Iechternach
Bewerbungsmodalitéiten
Interesséiert Schüler a Studente gi gebieden, hir Bewerbung bis spéitstens den 30. Abrëll 2026 per E-Mail anzereechen.
La Ville d’Echternach offre aux élèves et étudiants (m/f) la possibilité d’exercer un job étudiant durant la période estivale 2026.
Les personnes engagées soutiennent activement les services communaux ainsi que l’atelier communal et participent à diverses tâches, activités et domaines. Cette expérience permet aux étudiants d’acquérir une première expérience professionnelle, de découvrir le fonctionnement d’une administration communale et de contribuer activement à la vie locale.
Les 40 places sont attribuées dans l’ordre de réception des candidatures complètes par la commune, dans la limite des places disponibles.
Conditions
- Période d’engagement : du 15 juillet 2026 au 15 septembre 2026
- Durée de l’engagement : 2 semaines consécutives
- Nombre maximal d’engagements : 40 élèves / étudiants
- Âge minimum : 15 ans au moment du début du job étudiant
- Domicile : Echternach
Modalités de candidature
Les personnes intéressées sont invitées à envoyer leur candidature au plus tard pour le 30 avril 2026 par e-mail.




