Gratis Éischt-Hëllef-Cours Samschdes den 10 & 17 Mee 2025 vun 08 – 12 & 13 – 17 Auer.
CIS Echternach 119, route de Luxembourg L-6562 Echternach
D’Formatioun vu 16 Stonne gëtt op Lëtzebuergesch gehalen a beinhalt theoretesch a praktesch Cours’en.
Fir eng Attestatioun vum Éischt Hëllef Cours ze kréien gëtt d’Präsenz an eng aktiv Bedeelegung an all Cours gefuerdert.
BEHANDELT SUJET’EN:
- Accidenter a Wonnen
- Verbrennungen a Verbänn
- Bluddungen a Frakturen
- Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
- Otmung a Reanimatioun
- Häerz, Defibrillateur (DSA) a Kannerreanimatioun
- Ausdoe vun engem Motorradshelm
- …
Obligatoresch Aschreiwung ob der Säit
COURS.CGDIS.LU
Spéidestens 48 Stonnen virum éischte Cours