

Relais pour la vie 2021
D’Equipe vun der Kannerstuff beweegt sech!
Den Weekend vum 27ten an 28ten Mäerz 2021 lafen, trëppelen oder fuere mir mam Vëlo. Ziel ass et dat mir ons zesummen 24 Stonne beweege fir de gudden Zweck.
Nodeems mir 2020 e flotte Projet lancéiert haten, wou mir de Kontakt mat den eelere Leit hei an der Gemeng gesicht hunn, wollte mir als Equipe ons och 2021 solidaresch weisen.
Dir kënnt och alleguer bei onsem Projet ënnerstëtze well als Equipe huele mir um “Trophée de l’espoir” deel.
Mir hunn en klengt Kachbuch zesummegestallt, mat 5 € kënn dir ons Sammelbex fir d’ “Fondation Cancer” e bëssche fidderen:
- Sidd dir un deem Kachbuch interesséiert, da mellt iech bei ons an der Kannerstuff per Tel. +352 26 727621 oder per Mail ob kannerstuff@echternach.lu.
- Well dir eppes spenden, dann kënn dir daat iwwer folgenden Link https://monespace.relaispourlavie.lu/trophees/2021/429 gäeren maachen.
Net jiddereen huet Chance gesond duerch Liewen ze trëppelen, zesumme kënne mir et packen, d’Leit ze ënnerstëtzen.