Aktioun “Grouss Botz” 2026

Aktioun « Grouss Botz » 2026

Am Kader vum Schutz vun der Natur an der Ëmwelt organiséiert d’Stad Iechternach, zesumme mat der Administration de la Nature et des Forêts an dem Asaatzzenter Echternach asbl, eng grouss Botzaktioun.

Datum: Samschdeg, de 25. Abrëll 2026
Auerzäit: 09:00 Auer
Treffpunkt: « Naturhaous » um Iechternacher Séi

Dat néidegt Material gëtt op der Plaz zur Verfügung gestallt.

D’Botzaktioun gëtt mat enger klenger Agape a gemittlecher Atmosphär ofgeschloss.

Umeldung erwënscht bis de 17. Abrëll 2026
Per E-Mail: communication@echternach.lu
Telefon: +352 729222-1

Mir soen Iech villmools Merci fir Äert Engagement am Interessi vun der Ëmwelt an eiser Stad!

Action « Grouss Botz » 2026 – Nettoyage de printemps

Dans le cadre de la protection de la nature et de l’environnement, la Ville d’Echternach organise, en collaboration avec l’Administration de la Nature et des Forêts et l’Asaatzzenter Echternach asbl, une grande action de nettoyage.

Date : Samedi 25 avril 2026
Heure : 09h00
Lieu de rendez-vous : « Naturhaous » au lac d’Echternach

Tout le matériel nécessaire sera mis à disposition sur place.

La matinée se clôturera par un moment convivial autour d’une agape offerte.

Inscription souhaitée avant le 17 avril 2026
Par email : communication@echternach.lu
Téléphone : +352 729222-1

Nous vous remercions chaleureusement pour votre engagement en faveur de l’environnement de notre ville !

Dernière modification le 26.03.2026

Des articles de la même catégorie

Aarbechten um Waasserbecken am Park

Aarbechten um Waasserbecken am Park

Aarbechten um Waasserbecken am Park D’Waasserbecken („Rondeau“) am Park vun Iechternach gëtt aktuell konservéiert a restauréiert. Dës Aarbechten déngen dozou, dëse wäertvollen Deel vum architektonesche Patrimoine nohalteg ze erhalen. Dobäi ginn ënner anerem...

lire plus
GoGoVelo Challenge!

GoGoVelo Challenge!

GoGo Vëlo – mam Vëlo op de Mound D’Editioun 2026 vu GoGo Vëlo ass den 13. Abrëll an eng nei Ronn gestart. Bis de 24. Mee kënnt dir deelhuelen an dozou bäidroen, dass Lëtzebuerg et um Vëlo zesumme bis op de Mound packt. Wéi kënnt dir matmaachen? 1) App Radbonus...

lire plus
Baustelleninformatioun vum Ponts & Chaussées

Baustelleninformatioun vum Ponts & Chaussées

Baustelleninformatioun vum Ponts & Chaussées Wéinst Bauaarbechten ass d’Vëlospist (PC3) vum 13. bis den 30. Abrëll 2026 op engem Deelstéck tëscht Steenem an Iechternach komplett gespaart. Eng Deviatioun ass iwwer d’N10 ageriicht. D’Beschëlderung an d’Ëmleedunge...

lire plus
Aller au contenu principal